Schweden recommandéiert domadder net méi explizitt eng Impfung fir Jonker géint Corona, déi net vulnerabel fir e schlëmme Krankheetsverlaf sinn.

D'Agence fir déi ëffentlech Gesondheet begrënnt hir Decisioun domadder, datt gesond Mënschen aus der Altersgrupp tëscht 12 a 17 Joer, nëmmen e gerénge Risiko opweise géifen, un enger schwéierer Form vu Covid-19 z'erkranken. Vum 1. November u gëllt deemno d'Recommandatioun, fir sech géint de Virus impfen ze loossen, nëmmen nach fir Jonker, déi aus de Covid-19-Risikogruppe kommen.

Schweden ass nieft dem Vereenegte Kinnekräich, dat zweeten europäescht Land, wat d'Impf-Recommandatioun fir déi Jonk sträicht. Fir Mënschen, déi méi al wéi 18 Joer sinn, ginn a Schweden weiderhin dräi Impfunge recommandéiert. Eng véiert Dosis solle sech Leit iwwert 65 Joer siche goen.

Am Ufank vun der Pandemie hat Schweden op vill Restriktioune verzicht. Dowéinst hat Schweden phaseweis och en héijen Taux u Covid-Doudegen. Mëttlerweil huet Schweden am EU-Verglach allerdéngs ee vun den niddregsten Tauxen.