Zante zwou Wochen ginn et am Iran déi gréisste Masseprotester aus de leschte Joren. Dosende Leit si bis ewell schonn ëm d'Liewe komm.

Hannergrond vun de Protester ass den Doud vun enger 22 Joer jonke Fra, nodeems si vun der Police festgeholl gouf, well si anscheinend hiert Kappduch net richteg ugehat hätt.