Nom Passage vum Hurrikan "Ian" Enn leschter Woch a Florida ginn d'Opraum-Aarbechte weider an et ginn ëmmer weider Doudesaffer fonnt.

Mëttlerweil wiere méi wéi 80 Affer confirméiert, mellen amerikanesch Medien. Eleng am Bezierk Lee County, wou de Stuerm mat iwwer 240 Stonnekilometer u Land getraff war, koumen 42 Persounen ëm d'Liewen. De President Biden wëll sech e Méindeg an en Dënschdeg op der Plaz e Bild vum Schued maachen.