Den Nobelpräis fir Medezin geet dëst Joer un de Svante Pääbo aus Schweden fir seng Erkenntnisser zur mënschlecher Evolutioun.

Dat huet d'Karolinska-Institut zu Stockholm e Méindeg am spéide Moie matgedeelt. De 67 Joer ale Wëssenschaftler ass op d'Evolutioun vum Mënsch spezialiséiert a fuerscht zu Leipzig, wou hien Direkter vum Max-Planck-Institut fir evolutionär Anthropologie ass. Hie gëllt als Grënner vun der Paläogenetik, also der Analys vun de Gene vu fossillen a prehistoreschen Iwwerreschter. De Pääbo war ënnert anerem deen éischte Fuerscher, deen de Genom vun engem Neandertaler sequenzéiert huet.

Andeems hien déi "genetesch Ënnerscheeder" tëschent de Mënsche vun haut a sengen ausgestuerwene Virfahren opgewisen huet, "hu seng Entdeckungen d'Grondlag fir d'Erfuerschung vun dem geschaaft, wat eis Mënsche sou eenzegaarteg mécht", sou d'Erklärung vun der Jury.

De Medezin-Nobelpräis ass mat ëmgerechent ronn 920.000 Euro dotéiert. Dës Woch ginn och déi aner Gewënner vun den Nobelpräisser annoncéiert, all Dag en aneren, mam Physiksnobelpräis en Dënschdeg, dem Chemiesnobelpräis e Mëttwoch, dem Literaturnobelpräis en Donneschdeg an dem Friddensnobelpräis e Freideg. D'Präisser ginn dann den 10. Dezember iwwerreecht.

RTL

© AFP