Den Nobelpräis an der Physik geet un de Fransous Alain Aspect, den Amerikaner John F. Clauser an den Éisträicher Anton Zeilinger.

Si ginn ausgezeechent fir hir Fuerschung um Gebitt vun der Quantephysik, méi konkret der Kraaft, déi hannert der Quantemechanik stécht.

Wat d'Aarbecht vun dësen dräi Wëssenschaftler ausmécht, sinn déi revolutionär Experimenter mat "gebonnene" Quanten-Zoustänn (op englesch: Quantum entanglement, op franséisch: intrication quantique).

Bei dësen Experimenter verhale sech zwee Deeler am Beräich vun der Quantephysik wéi eng Eenheet, och wa se vunenee getrennt sinn. D'Resultater heivunner hätten der Jury no de Wee fir nei Technologië preparéiert, déi op "Quanteninformatioun" baséieren.

De Physik-Nobelpräis ass mat ëmgerechent ronn 920.000 Euro dotéiert.

E Mëttwoch gëtt de Gewënner am Beräich Chimie bekannt, en Donneschdeg dee vun der Literatur. E Freideg ass et um Friddensnobelpräis.