2030 soll elo Schluss sinn. Doriwwer ass sech d'Entreprise mam nationalen an Nordrheinwestfälesche Wirtschaftsministère eens ginn.

RWE no géingen doduerch 280 Milliounen Tonne Kuel am Buedem bleiwen. Iwwert déi nächst 15 Méint soll awer nach méi Kuel verschafft gi wéi geplangt: 2 Kraaftwierker, déi Enn dës Joers sollte vum Netz geholl ginn, sollen nämlech bis d'Fréijoer 2024 weiderlafen. Dat fir d'Energieversuergung ze versécheren a Gas ze spueren.

RWE, ee vun de gréissten Energiekonzerner an Däitschland, huet 2021 knapp 46 Prozent vun der Energie aus Kuelewierker gewonnen.