Bei engem Iwwerfall an der Géigend vum berüümte Krüger-Nationalpark ass e Méindeg en däitschen Tourist erschoss ginn. No den Täter gëtt gesicht.

Wéi déi lokal Police matdeelt, war de Mann zesumme mat dräi weideren däitschen Touristen an engem Auto ënnerwee, ier si vun dräi arméierte Männer gestoppt goufen. D'Touriste sinn den Arméierten hirer Opfuerderung, aus dem Auto erauszeklammen, net nokomm an hunn d'Dieren ofgerigelt, wouropshin de Chauffer duerch d'Fënster erschoss gouf. D'Täter sinn duerno geflücht.

Vun der däitscher Ambassade heescht et, et géing een enk mat de lokalen Autoritéiten zesummeschaffen.

De Krüger-Nationalpark ass bal zwou Milliounen Hektar grouss a bitt méi wéi 147 Mamendéieren an iwwer 500 Vullenaarten en Doheem. E gëllt als eng vun deene gréissten Touristenattraktiounen a Südafrika.