Déi leschte Woch hat de Stuerm Florida schwéier getraff. Bis ewell zielt een op d'mannst 80 Doudesaffer an d'Sich no Vermësste geet weider.

Den amerikanesche President Joe Biden huet nom Hurrikan virun enger Woch Florida besicht. Den Neiopbau kéint Joren daueren. D’Situatioun ass wäit ewech vun der Normalitéit, d'Opraumaarbechte gi weider.

Haiser goufen zerstéiert a ganz Stroosse mat ewech gespullt. D’Insel Sanibel Island viru Fort Myers ass sou schwéier betraff, datt ongewëss ass, wéini nees do ee ka wunnen.