Zu engem dramateschen Tëschefall koum et e Mëttwoch den Owend zu Hagen an Nordrhein-Westfalen.

E Kand ass hei aus dem véierte Stack vun engem Gebai aus der Fënster gefall. De Rettungshelikopter huet de 17 Méint ale Puppelchen nach an eng Spezialklinik geflunn, ma trotz alle Beméiunge koum all Hëllef ze spéit. D'Kand ass e puer Stonne méi spéit u senge Blessure gestuerwen. D'Police ermëttelt, fir déi genee Ëmstänn vum Ongléck erauszefannen.