E Mann, dee mat enger Schosswaff, engem Gewier a mat engem Messer arméiert war, huet an Thailand eng Crèche gestiermt.

Wéi et vun der Police heescht, wieren d'Hannergrënn vun der Dot nach net kloer. Geschitt ass dësen dramatesche Virfall an der nërdlecher Provënz Nong Bua Lam Phu. Ënnert de 37 Doudesaffer sinn och op d'mannst 23 Kanner, esou d'Police.

Den Täter, en Ex-Polizist vu 34 Joer, huet no senger Flucht aus der Crèche seng Famill an dono sech selwer ëmbruecht, dat huet d'AFP confirméiert kritt.