Armenien proposéiert entmilitariséiert Zon

© AFP/Archiv/ARIS MESSINIS
Am Konflikt ëm d'Bergkarabach-Regioun tëschent dem Aserbaidschan an Armenien si bis ewell iwwer 30.000 Mënschen ëm d'Liewe komm.
Elo huet Armenien d'Ariichtung vun enger entmilitariséierter Zon an der ëmstriddener Regioun virgeschloen. "Ech hunn d'Initiativ fir d'Ariichtung vun enger entmilitariséierter Zon ëm Bergkarabach op den Dësch geluecht", sou den armenesche Regierungschef Nikol Paschinjan.
E Sonndeg soll et zu Washington D.C. zu Friddensgespréicher tëschent de jeeweilegen Ausseministere vum Aserbaidschan a vun Armenien kommen. Vermëttele soll dobäi den US-amerikaneschen Ausseminister Antony Blinken.
Duerch de Krich tëschent béide Länner sinn eleng am September 300 Mënschen ëmbruecht ginn.