Wéi d'Vertrieder vun der Unioun an der Regierung aus SPD, Grüne a FDP e Mëttwoch matgedeelt hunn, ass am Sträit ëm d'"Bürgergeld" e Kompromëss fonnt ginn.

D'Bürgergeld soll jo Ufank vum nächste Joer den aktuellen "Harz-IV"-System ersetzen. De Bundestag hat dat entspriechend Gesetz schonn ugeholl, mee am Bundesrat ass et duerch d'Oppositioun vun der Unioun net duerchgaangen.

De Kompromëss gesäit elo ënnert anerem vir, datt déi esou genannt "Vertrauenszäit", an deenen d'Empfänger vun Aarbechtslosegeld net esou staark vun den Aarbechtsagenture sanktionéiert kënne ginn, soll entfalen.

Bundestag a Bundesrat mussen dem neie Projet de Loi e Mëttwochowend awer nach zoustëmmen, ier d'Gesetz säi weidere Wee goe kann.