An de leschten zwee Méint wiere bei regierungskriteschen Demonstratioune méi wéi 300 Mënschen ëm d'Liewe komm, dorënner méi wéi 40 Kanner.

Den autoritäre Regime géif ëmmer méi haart géint d'Protester virgoen. Aus 25 vun den 31 iranesche Provënzen ginn Doudesaffer gemellt. Eng Enquête vum US-Noriichte-Sender CNN huet erginn, dass systematesch Fraen a Männer, déi bei de Protester festgeholl goufen, vergewaltegt a mësshandelt ginn, fir esou d'Protester z'ënnerdrécken. Ausserdeem géifen déi deels immens jonk Demonstranten heemlech vun engem Prisong an deen nächste bruecht ginn, esou dass hir Famill net erausfënnt, wou si sinn.