Geplangt war dëse Referendum fir den Hierscht 2023, um Mëttwoch de Moie koum de Refus vum ieweschte brittesche Geriicht.

D'Regionalparlament hätt kee Recht op eng Volleksofstëmmung, heescht et vun do. D'Riichter hale sech domadder un d'Argumentatioun vun der brittescher Regierung.

Déi schottesch Regierungscheffin Nicola Sturgeon hat scho wësse gedoen, datt een d'Decisioun vun der Supreme Court géing unerkennen.

Et géing een awer dann déi nächst Walen zu engem Quasi-Referendum maachen. Déi schottesch Nationalpartei géing sech do exklusiv op d'Onofhängegkeets-Fuerderung konzentréieren.

2014 hate sech d'Schotten an engem Referendum dofir ausgeschwat, fir Deel vu Groussbritannien ze bleiwen. Duerno koum awer de Brexit.