Geschitt ass dëst en Dënschdeg den Owend um kuerz virun 22 Auer zu Chesapeake am Bundesstaat Virginia.

Uganks war net gewosst, wéi vill Doudesaffer et genee géing ginn, ma de Policechef Mark Solesky huet e Mëttwoch sechs Doudeger an op d'mannst véier Blesséierter confirméiert. Wéi et weider heescht, hätt den Täter sech mat enger Pistoul am Supermarché d'Liewe geholl a war dout opfonnt ginn.

Bis ewell huet d'Police nach keng Informatiounen iwwert d'Identifikatioun vum Täter ginn an och d'Motiv fir d'Dot ass nach net gewosst.