Um fréie Mëttwoch de Moie si bei engem Biewen am Nordweste vun der Tierkei op d'mannst 35 Persoune blesséiert ginn.

Dës Zuel huet de Gesondheetsminister Fahrettin Koca iwwer Twitter matgedeelt. Den tierkeschen Inneminister huet matgedeelt, et géif den Ament nach keng Donnéeën iwwer Doudesaffer ginn.

Den tierkeschen Autoritéiten no hat d'Biewen eng Stäerkt vu 5,9, d'US-Äerdbiewenagence USGS huet allerdéngs eng 6,1 op der Richter-Skala gemooss.

Den Epizenter vum Biewe louch an der Provënz Düzce, ronn 170 Kilometer vun der Haaptstad Istanbul ewech. 32 Blesséierter goufen et eleng zu Dücze. Eng Persoun gouf schwéier blesséiert, nodeems si a Panik vun engem Balcon gespronge war.

D'Biewe war och zu Istanbul gutt ze spieren. Berichter iwwer schwéier Schied gëtt et bis ewell awer net.

RTL

© Afp