Een Doudegen an op d'mannst 14 Blesséiert goufen et zu Jerusalem, bei Bommen-Explosiounen op zwee Busarrêten.

Déi israelesch Sécherheetsautoritéiten schwätze vun Attacken a sichen an der Ëmgéigend no Verdächtegen. De militante Palestinensergrupp Hamas huet d'Attacken net revendiquéiert, huet se awer begréisst.