China verschäerft seng Corona-Mesuren. D'Infektiounszuele klammen an d’Relance vun der Wirtschaft steet um Spill.

Et geet riets vun de "schlëmmste Wochen" zanter dem Ufank vun der Pandemie. D'Land wëll awer un der Null-Covid-Politik festhalen.

Op ville Plazen a China sinn d’Mesurë scho verschäerft ginn, wouvunner d’Populatioun net begeeschtert ass.

An enger Fabrick vum gréissten Zouliwwerer vun Apple koum et zu Ausenanersetzungen.