Déi däitsch Regierung reagéiert a schwätzt vun enger "skrupelloser" Aktioun. Eng Partie Demonstrante goufe festgeholl.

15 Flich konnten e Donneschdeg am spéide Nomëtteg net zu Berlin landen, mee hu missen ëmgeleet ginn. Well sech Klimaaktiviste vun der Grupp "Letzte Generation" op d'Landepist vum Berliner Flughafe BER festgepecht haten, huet de Fluchverkéier nämlech fir bal 2 Stonne missen ënnerbrach ginn.

No dëser Aktioun kritiséiert den däitsche Bundesverkéiersminister Volker Wissing, dass d'Protester ëmmer méi "skrupellos" géinge ginn. D'Gesellschaft kéint esou e Verhalen net acceptéieren. D'Inneministesch Nancy Faeser huet vun enger neier Eskalatioun geschwat.

D'Police huet iwwerdeems matgedeelt, dass géint d'Aktivisten Plainten agereecht gouf, wéinst geféierlechem Agrëff an de Fluchverkéier. Eng Rei Demonstrante goufe festgeholl.