Op Initiativ vun Däitschland an Island soll dat gewaltsaamt Virgoe vun der iranescher Féierung géint Protestbeweegungen onofhängeg ënnersicht ginn.

Den Iran kritiséiert d'UN-Resolutioun, déi en Donneschdeg vum Mënscherechtsrot geholl gouf.

Den iraneschen Ausseminister geheit der UNO vir, "op en Neits vun enger Partie westleche Staaten instrumentaliséiert ginn ze sinn", fir déi Anti-Iran-Initiativ unzehuelen.

Den UN-Mënscherechtsrot huet op Initiativ vun Däitschland an Island eng onofhängeg Ënnerstëtzung vun der Gewalt am Iran decidéiert.

Am Iran gi schonn zanter zwee Méint Leit op d'Strooss. Si demonstréiere géint d'Policegewalt, fir manner Repressioune vun der Regierung a fir méi Fraerechter.