
Stroossespär vun der Police bei de Protester zu Shanghai. / © Anne Wang
A China ginn ëmmer méi Protester géint déi a Part streng Null-Covid-Mesurë gemellt. E BBC-Journalist soll festgeholl a geschloe gi sinn.
E Sonndeg de Moien si Leit am Zentrum vun der Milliounemetropol Shanghai op d'Strooss gaangen, fir hirer Roserei iwwert déi drakonesch Lockdown-Mesuren zum Ausdrock ze bréngen. Trotz der méi ustiechender Omikron-Variant, déi och a China antëscht dominéiert, hält Peking weider un drastesche Confinementsmesurë vu ganze Staddeeler fest. Demonstratiounen am kommunistesch gefouerte China si seelen. Verschidden Demonstranten hu geruff "Xi Jinping, Demissioun". Onroue gouf et och an der Stad Urumqi. Do waren 10 Leit an engem Feier gestuerwen. D'Awunner kritiséieren d'Pompjeeë wieren duerch de Lockdown opgehale ginn, fir dohinner ze kommen.

© Anne Wang
Och vu Peking ginn an de soziale Medien Protester gemellt. Honnerte Studente wieren do op d'Strooss gaangen an hätte Schëlder géint d'Covidmesurë virun der Kantin an d'Luucht gehalen. Et geet Rieds vun 200 bis 300 Leit.
China ass dat lescht grousst Land, dat eng immens streng Null-Covid-Politik huet. Bei nëmmen e puer Infektiounen ginn hei Lockdowns oder esouguer d'Ofspäre vu ganze Stied decidéiert. Och Betriber kënne vun haut op muer zougemaach ginn, wann e puer Covid-Fäll bei de Mataarbechter detektéiert ginn. Vum chineseschen Ausseministère heescht et elo, datt hie sech net als Pressevertrieder ze erkenne ginn hätt.
BBC-Journalist festgeholl a geschloen
A China soll e Journalist vun der brittescher BBC vun der Police festgeholl a geschloe gi sinn, wéi hien iwwert d'Protester géint déi strikt Corona-Politik vum Land beriicht huet. Dat huet de Sender um Méindeg offiziell matgedeelt. Den Ed Lawrence, deen a China als Journalist ugemellt ass, wier e puer Stonne laang festgehale ginn, a wier vun der Police geschloen a mam Fouss gerannt ginn, esou d'BBC. Bis ewell géif et och keng offiziell Erklärung oder Excuse vun de chineeseschen Autoritéiten.