
De President aus dem Venezuela Nicolás Maduro. / © AFP
Dëst ass den éischte Rapprochement zanter ronn engem Joer.
D'Regierung an d'Oppositioun aus dem Venezuela hunn e Samschdeg e wichtegen Accord iwwer sozial Sécherheet zu Mexiko-City ënnerschriwwen. Do war den Optakt vun de Reconciliatiounsgespréicher mat deenen e Schlussstréch soll ënnert déi politesch Kris am Venezuela gezu ginn. Et wéilt ee "fräi a fair Walen" am Joer 2024 organiséieren, heescht et.
Déi demokratesch Institutiounen nees hierstellen an e Schlussstréch zéien ënnert déi humanitär Kris am südamerikanesche Land. D'EU, d'USA, Groussbritannien a Kanada hunn duerchblécke gelooss, si géifen hir Sanktiounen géintiwwer Caracas préiwen, wa wesentlech Fortschrëtter am Land gemaach géifen.