Nom schwéieren Äerdbiewen e Méindeg an Indonesien gi weiderhi Mënsche vermësst an Doudesaffer gebuergen. D'Zuel ass antëscht op 321 eropgaangen.

De Chef vun der indonesescher Katastropheschutzagence sot bei enger Pressekonferenz, datt e Samschdeg 8 an e Sonndeg 3 weider Läiche gebuerge goufen.

D'Äerdbiewe vun der Stäerkt 5,6 an eng Partie Äerdrutschen als Suite hu leschte Méindeg op der Insel Java fir schwéier Schied gesuergt. Méi wéi 2.000 Mënsche goufe blesséiert an iwwer 62.000 Haiser beschiedegt. Méi wéi 73.000 Mënschen hunn hiert Doheem verluer.