
Am November ass d'Zuel vun de Leit am Prisong op gutt 72.800 geklommen. Dobäi ass Frankräich mat senge Prisong-Capacitéite vir bäi an hanne widder.
Aktuell si ronn ee Fënneftel méi Leit an de Prisongen, wéi u sech virgesinn. Dobäi hat Frankräich am Januar 2020 scho vum Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter gesot kritt, et misst dofir suergen, dass net méi Leit an de Prisonge sinn, wéi virgesinn.
Am meeschte gelies