Déi franséisch Ministesch fir d'Collectivités territoriales Caroline Cayeux huet e Méindeg hir Demissioun annoncéiert.

Wéi d'Ministesch op Twitter schreift, soll si vun der zoustänneger Transparenz-Autoritéit matgedeelt kritt hunn, si hätt op der Deklaratioun, déi dofir virgesinn ass, hire Patrimoine ze niddereg evaluéiert. Dofir hätt si decidéiert, vun hire Funktiounen zréckzetrieden.