Een aus Lëtzebuerg agereeste Bulgar, deen 2018 wéinst engem Sexualdelikt verurteelt gouf, gouf e Méindeg op der A64 vun der Tréierer Police festgeholl.

2018 gouf hie vum Parquet vun Nürnberg-Fürth zu 4 Joer a 6 Méint Prisong verurteelt, am Mee 2021 gouf de Rescht vu senger Strof allerdéngs ausgesat an hie gouf a säin Heemechtsland expulséiert.

Well en trotz engem Areesverbuet bis Mee 2028 nees an Däitschland agereest ass, gouf hien elo verhaft.

Hie gouf an de Prisong vun Tréier bruecht, wou hien déi 620 Deeg, déi vu senger Strof nach iwwereg sinn, ofsëtze muss.