De Krich an der Ukrain, de Klimawandel a weider Krise géifen der UN no dofir suergen, dass esouvill humanitär Hëllef gebraucht gëtt ewéi nach ni virdrun.

Wéi aus dem neiste "Global Humanitarian Overview Raport" vun de Vereenten Natiounen ervirgeet, wäerten 2023 51,5 Milliarden Dollar fir d'humanitär Hëllef gebraucht ginn. Wéi de Chef vum UN-Büro fir d'humanitär Hëllef Martin Griffiths en Donneschdeg am Virfeld vun der Verëffentlechung vum Rapport sot, solle mat dëse Sue virun allem déi 230 Millioune Mënschen, déi an den 68 äermste Länner vun der Welt liewen, gehollef kréien.

Weltwäit sollen der UN no d'nächst Joer 339 Millioune Mënschen op humanitär Hëllef ugewise sinn. Dat sinn der 65 Millioune méi, ewéi nach dëst Joer.

Dréchenten an Héichwaasser hätten an engem Gebitt, dat sech vu Pakistan bis un d'Ostspëtzt vum afrikanesche Kontinent erstreckt, enorm Schied ugeriicht. Dozou kënnt nach de Krich an der Ukrain, deen en Deel vun Europa an e Schluechtfeld verwandelt hätt. Ausserdeem hätten déi äermste Länner vun der Welt nach ëmmer zolidd mat se Suitte vun der Corona-Pandemie ze kämpfen.