Déi zoustänneg Gremie vun den Tories aus sengem Walkrees hu gréng Luucht ginn.

Sollt den 58 Joer alen Johnson gewielt ginn, kéint hien och nees seng Kandidatur stellen, fir Chef vun de Konservativen ze ginn. De Boris Johnson muss awer nach fäerten, datt eventuell Resultater vun enger parlamentarescher Ënnersichung vun der Partygate-Affär hie kéinte belaaschten.