308 Tonnen CO2 huet déi däitsch Bundesregierung bei hire Reesen op d'Weltklimakonferenz zu Sharm-el-Sheikh ausgestouss.

Dat äntwert den däitschen Ausseministère op eng parlamentaresch Fro vun der fréierer AFD-Deputéierter an haut onofhängeger Parlamentarierin Joana Cotar. D'Emissioune sollen awer, wéi bei allen déngschtleche Reese vun der Bundesregierung, ausgeglach ginn, heescht et weider vum Ausseministère.