Nëmmen 2 Wochen no dem schroen Äerdbiewe mat iwwer 330 Doudegen ass d'indonesesch Insel Java op en neits vun engem Biewe getraff ginn.

Den Zentrum vum Äerdbiewen mat enger Stäerkt vun 5,7 gouf 18 Kilometer südëstlech vun der Stad Banjar an der Provenz West Java gemooss. 1 Persoun gouf blesséiert, gréisser Schied oder Doudeger goufe bis ewell keng gemellt. D'Autoritéiten hunn d'Awunner an der Géigend vum Epizentrum viru méiglechen Nobiewen gewarnt.