D'UN-Flüchtlingswierk huet op déi schlëmm Situatioun am Libanon opmierksam gemaach an dozou opgeruff, d'Populatioun méi ze ënnerstëtzen.

De Libanon ass aktuell an der schlëmmster Wirtschaftskris vu senger Geschicht an huet proportional zu der Awunnerzuel ganz vill Leit aus de Nopeschlänner opgeholl, déi hu misse flüchten.

Op senger Visitt an der libanesescher Haaptstad Beirut huet den UNHCR-Chef Filippo Grandi dozou appelléiert, dem Libanon ze hëllefen, zur Säit ze stoen an d'Land net ze vergiessen.