De Vulkan Semeru ass op en Neits ausgebrach an huet eng Honnerte Meter héich Wollek aus Äschen an d'Luucht gespaut.

Gliddeg Lawinen aus Lava wieren iwwerdeems de Bierg erof gerutscht, heescht et vum nationale Katastropheschutz. Doduerch wieren d'Dierfer ronderëm a Gefor an eng 2.000 Mënschen missten dowéinst evakuéiert ginn.

Virun engem Joer ware bei engem Ausbroch vum selwechte Vulkan méi wéi 50 Mënschen ëm d'Liewe komm.

A Japan huet den Ausbroch iwwerdeems eng Tsunami-Warnung ausgeléist. Dës gëllt fir d'Inselformatiounen Miyako a Yaeyama, sou déi japanesch Noriichten-Agence Kyodo.
Indonesien huet ronn 130 aktiv Vulkanen. Java läit um sougenannte pazifesche Feierrank. Hei kollidéieren direkt e puer tektonesch Placken openeen, sou dass et hei besonnesch dacks zu Äerdbiewen a Vulkanausbréch kënnt.