
© ABED RAHIM KHATIB ANADOLU AGENCYAnadolu Agency via AFP
No enger Rakéitenattack aus der Gazasträif huet déi israelesch Loftswaffe an der Nuecht Zieler an de Palästinensesche Gebidder ugegraff.
Der israelescher Arméi no wier en Rakéiten-Atelier vun der islamistescher Hamas-Organisatioun getraff ginn, esou wéi och en Hamas-Tunnel am südlechen Deel vun der Gazasträif.
Nëmmen e puer Stonne virdrun haten militant Palestinenser fir déi éischte Kéier zanter engem Mount nees eng Rakéit aus der Gazasträif op dat israelescht Grenzgebitt geschoss.
Am meeschte gelies