D'Pëtrols-Allianz OPEC huet e Sonndeg an enger Online-Konferenz iwwer weider Strategien an Ziler diskutéiert.

Ma d'Länner an der OPEC beloossen hir Ziler awer sou wéi se sinn, d'Produktiounsquantitéit soll also bäibehale ginn. Dat huet d'Allianz elo een Dag virum Akraafttrieden vum EU-Boykott géint de Groussdeel vu russeschem Ueleg an enger Präisdeckelung vu 60 Dollar pro Barrel fir russesch Ueleg-Exporter.

De Verband aus 23 Staaten, ënnert der Féierung vu Saudi Arabien a Russland haten zulescht d'Produktioun iwwerraschend ëm zwou Millioune Barrel pro Dag gekierzt.

Domadder wollten d'Member-Länner d'Pëtrols-Präisser, déi am Gaange waren ze falen, stabiliséieren. Wat awer net geklappt huet.

Dobäi kënnt dass e Méindeg de Präisdeckel, deen d'EU a d'G7-Staaten decidéiert hunn, a Kraaft trëtt. Och dat wäert en Thema op der Online-Konferenz vun der OPEC sinn.