Am Prozess ëm d’Attentater vu Bréissel am Mäerz 2016 fänken d’Verhandlungen um Méindeg richteg un.

D'lescht Woch war jo eng Jury zesummegesat ginn an nach lescht Vir-Verhandlungen, fir dëse gréisste Prozess an der belscher Justiz-Geschicht.

9 Leit sinn am Ganzen ugeklot, dorënner och de franséischen Islamist Salah Abdeslam, dee wéinst den Attentater vu Paräis a Frankräich schonn zu enger liewenslänglecher Prisongsstrof verurteelt gouf.

Et gëtt méi wéi 1.000 "Parties civiles". De Prozess wäert op d'mannst bis Juni d'nächst Joer daueren.

32 Leit waren den 22. Mäerz 2016 ëmkomm, wéi um Flughafe vu Zaventem an an enger Bréisseler Metrosstatioun Bommen explodéiert waren.