Néng Mënsche wieren zu Pueblo Rico am Nordweste vu Kolumbien gerett ginn, nach eng 20 Mënsche géife vermësst ginn.

Déi Zuelen nennt de President Gustavo Petro op Twitter. Den Autoritéiten no wier ënnert den Doudesaffer och e 7 Joer aalt Meedchen.

Dat südamerikanescht Land ass zanter Ufank August an der Reenzäit, der Regierung no déi schlëmmst zanter 40 Joer. Bei staarkem Reen sinn dat viregt Joer méi wéi 270 Mënsche gestuerwen.