Trotz de Problemer mat de Liwwerketten, déi d'Pandemie verursaacht huet, sinn d'Ëmsätz vun de weltwäit gréisste Waffeproduzenten zejoert geklommen.

Sou hunn déi 100 gréisste Waffeproduzente vun der Welt zejoert insgesamt 592 Milliarden Dollar ëmgesat. Géigeniwwer dem Joer 2020 ass dat e Plus vun 1,9 Prozent. Dës Zuelen huet dat schwedescht Friddensfuerschungsinstitut SIPRI e Méindeg publizéiert.

40 vun den 100 weltwäit gréisste Waffeproduzente kommen aus den USA. Si hunn zejoert zesumme ronn 299 Milliarden Dollar ëmgesat, also méi ewéi d'Hallschent vun de weltwäiten Ëmsätz. Allerdéngs sinn d'USA SIPRI no déi eenzeg Regioun, an där zejoert manner Ëmsaz mat Waffe gemaach gouf ewéi nach 2019. Nëmme bei engem vun de 5 gréissten amerikanesche Waffeproduzenten waren d'Ëmsätz geklommen.

Dogéint waren d'Ëmsätz vun den europäesche Waffeproduzenten zejoert geklommen. Si haten 2021 zesummen 123 Milliarden Dollar ëmgesat, wat eng Hausse vu 4,2 Prozent géigeniwwer 2020 duerstellt. 27 vun den 100 weltwäit gréisste Waffeproduzente kommen aus Europa.

Obwuel d'Ëmsätz zejoert geklomme waren, hätten d'Waffeproduzente mat der Corona-Pandemie ze kämpfe gehat. Wéi den Nan Tian vum SIPRI-Institut erkläert, hätten de Mangel un Aarbechtskräften a Schwieregkeete beim Beschafe vu Réistoffer dozou gefouert, dass d'Waffeproduzente manner séier produzéiere konnten ewéi normalerweis. Dowéinst wieren d'Verkeef vun de Waffe manner séier geklommen, ewéi een dat erwaart hat.

D'Fuerscher gi weiderhin dovun aus, dass déi russesch Invasioun vun der Ukrain d'Probleemer bei de Liwwerkette weider verschäerfe kéint. Dem Nan Tian no wäert d'Demande no Waffen an den nächste Joren iwwerdeems weider klammen. Wéi staark géif vun 2 Facteuren ofhänken. Engersäits misst ee kucken, a wéi wäit Länner, déi der Ukrain Waffe geliwwert hunn, hir Reserven nees opstocke wéilten an anerersäits géif eng méi schlecht Sécherheetslag dozou féieren, dass méi Länner Waffe kafe géifen.