A Baden-Württemberg huet um Méindeg de Moien e Mann zwee Schoulkanner am Alter vun 13 a 14 Joer mat engem Messer ugegraff. Eent vu béiden ass gestuerwen.

D'Attack soll sech géint 7.30 Auer zougedroen hunn, wéi déi zwee Meedercher um Wee fir an d'Schoul waren. Allen zwee koume schwéier blesséiert an d'Spidol, woubäi dat 14 Joer aalt Meedchen u senge Blessure gestuerwen ass.

Beim Täter soll et sech ëm ee 27 Joer alen Asylbewerber aus Eritrea handelen. No der Dot ass hien an en Asylantenheem geflücht, wou hien zesumme mat zwou weidere Persounen, och aus Eritrea, festgeholl ginn ass. Hie koum ënner polizeilecher Iwwerwaachung an e Spidol.