Déi a Russland inhaftéiert Brittney Griner kënnt fräi. Déi US-amerikanesch Basketspillerin gëtt géint de russesche Waffenhändler Wiktor But agetosch.

Dëse war 12 Joer laang an engem US-amerikanesche Prisong agespaart.

Den Tosch ass, wéi et an engleschsproochege Medien heescht, schonn iwwer d'Bün.

D'Brittney Griner war am Februar um Fluchhafen zu Moskau festgeholl ginn, well si Cannabis-Ueleg bei sech hat. Si war déi lescht Zäit an engem Stroflager a Russland.

Am Summer hat d'Administratioun vum US-President Joe Biden en Echange vu Prisonéier proposéiert, fir d'Basketspillerin fräi ze kréien. Dat am Wëssen, dass Russland schaarf op d'Fräiloossung vum But ass.

De Wiktor But huet Waffen u Cheffe vu kriminelle Bande verkaaft, u sougenannt "Warlords" respektiv un net-unerkannte Regierungen. Hie war laang ee vun de meeschtgesichte Kriminellen. Hien huet souguer d'Inspiratioun fir de bekannten Hollywood-Film "Lord of War" geliwwert.

Den Tosch goung zu Abu Dhabi um Fluchhafen iwwer d'Bün.

Wéi den US-amerikanesche President Joe Biden iwwer Twitter matgedeelt huet, soll sech d'Basketspillerin schonn am Fliger um Wee zeréck an d'USA befannen.