Am Zentrum vu Paräis koum et um Donneschdegowend zu engem massive Stroumausfall. 125.000 Stéit waren heivunner betraff.

Grond dofir war e Problem mat engem Transformator, ewéi den zoustännegen Operateur matgedeelt huet.

Ganz Boulevarden an der franséischer Haaptstad waren däischter. Besonnnesch de Quartier Marais an de Boulevard Saint-Germain ware concernéiert. Op de soziale Reseauen zirkuléiere sëlleg Fotoe vun den däischtere Stroossen. Déi meescht Stéit haten no 20 Minutten nees Elektresch. A verschiddene Quartieren huet et méi laang gedauert.