Zu Bréissel koum et e Freideg verschiddene Medien no zu Perquisitiounen a 4 Leit goufe festgeholl, dorënner d'Vizepresidentin vum EU-Parlament Eva Kaili.

Dem Parquet no hätt déi belsch Police schonn zanter Méint de Verdacht gehat, dass ee Golfstaat géing probéieren, d'ekonomesch Decisiounen am Parlament mat Kaddoen a Suen ze beaflossen. Duerchsicht goufen ënner anerem d'Büroe vu 4 Parlamentsassisenten. Alles an allem hätt ee 600.000 Euro Boergeld fonnt.

Verschidde Medie mellen, dee Staat wier de Katar, an deem jo grad d'WM ausgedroe gëtt an deem ëmmer nees Mënscherechtsverletzunge reprochéiert ginn. Offiziell confirméiert ass dat awer nach net.

D'Vizepresidentin Kaili, déi ënner anerem festgeholl gouf, hat nach am November eng Ried am EU-Parlament gehalen.

D'Parlament hat am November mat enger Resolutioun d'FIFA an de Katar fir hir Aarbechteronditiounen ronderëm de Weltmeeschterschaft staark kritiséiert. D'Eva Kaili hat dës probéiert ze verhënneren, esou de Marc Angel, LSAP Europadeputéierten a Fraktiounmember.

„Ech war total schockéiert. Ech hunn déi Ried jo schonn den Dag virdrun an eiser Fraktiounssëtzung héieren, wou si wollt, datt mer dës Resolutioun net géinge matdroen. Do ass awer herno unanime decidéiert ginn, datt et en “no-go“ wier wat si géing soen.“

An hirer Ried sot si, d'WM wier de Beweis dofir, dass Sport-Diplomatie en historesche Changement an engem Land bewierke kéint, deem seng Reformen d'arabesch Welt inspiréiert hätten. De Katar hätt a punkto Aarbechtsrecht eng Virreiderroll. Kuerz virdrun hat si de katareschen Aarbechtsminister gesinn.

D'Eva Kaili gouf e Freideg den Owend aus hirer Partei an och aus der sozial-demokratescher Fraktioun am Europa-Parlament ausgeschloss. Aus der Fraktioun heescht et, et hätt ee keng Toleranz fir Korruptioun. Am Parlament misst een elo d'Aarbecht an allen Themeberäicher, déi de Golfstaat concernéieren, an Decisiounen am Plenum ausgesat ginn. An der Aarbechtsgrupp géint Korruptioun fäert een en enorme Vertrauensverloscht.

Et kéint een net mam “business ass usual“ weiderfueren, esou och de Marc Angel „Mir waren amgaangen un Dossieren ze schaffen, déi zum Beispill solle Visa-Waiveren erméiglechen. Déi ginn hoffentlech elo mol op Äis geluecht. Dat gëtt e Méindeg alles beschwat. E Méindeg wäert de Büro vum Parlament zesumme kommen, mir hunn och Fraktiounssëtzungen. Et ass net “business as usual“ - mir nodeem heiten net einfach normal viru goen.“

D'Reegelwierk ronderëm de Lobbyismus misst weider verstäerkt ginn, esou den Europadeputéierten.

D'Parlament huet uginn, net iwwert aktuell geriichtlech Prozeduren ze kommunikéieren, et géing een awer mat den Autoritéite kooperéieren.

Um Samschdeg den Owend gouf aus Bréissel gemellt, datt d'Roberta Metsola d'Eva Kaili mat Effet immédiat op hirem Posten als Vizepresidentin suspendéiert huet.