D'EU-Vizepresidentin Eva Kaili gëtt no hirer Festnam e Freideg elo offiziell vun all hiren Aufgaben entbonnen.

D'Griichin war e Freideg mat 4 anere Persoune verhaft ginn: Si steet am Verdacht, sech vun engem Golfstaat bestieche gelooss ze hunn. D'Medie mellen, et géing ëm de Katar, wat awer net offiziell confirméiert gouf.

Den Ausseminister Jean Asselborn schwätzt eis géigeniwwer vun engem schwéiere Vertrauensverloscht bei de Leit: Dat well d'Memberen am EU-Parlament schliisslech direkt vun de Leit géife gewielt ginn.

De Jean Asselborn (1)
De Jean Asselborn (2)

E Freideg hat déi belsch Police zu Bréissel 16 Perquisitiounen duerchgefouert. Et goufen iwwer 600.000 Euro Boergeld saiséiert.

E Sonndeg soll decidéiert ginn, ob déi 44 Joer al Diplomatin an déi 4 aner Leit weider am Prisong bleiwen.

D'DPA mellt, ënnert deenen anere verdächtege Persoune wier och de Partner vun der griichescher Politikerin, deen och am Parlament schafft, an zwar als Conseiller fir Aussepolitik a Mënscherechter, donieft och e fréieren Europa-Deputéierten.