Am November 2021 gouf d‘Iddie presentéiert. Dës Woch, e Joer méi spéit, gouf en EU-Gesetz fir de Reebësch besser ze protegéiere gestëmmt.

D‘EU-Parlament an d‘Memberlänner hu sech drop gëeenegt, keng Produite méi an der EU hierzestellen oder ze verkafen, déi a Connectioun mat der Ofholzung vum Reebësch stinn. An dorënner falen eng ganz Rei Wueren a Réistoffer. Ënner anerem de Palmenueleg, Kakao, Kaffie, Soja, Holz, Gummi oder och Fleesch. Ma och Produiten, déi dës Réistoffer enthalen, falen ënner dat neit Gesetz.

Sou dierf zum Beispill och d‘Lieder vun engem Rand, dat mat Soja aus engem geholzte Gebitt gefiddert gëtt, net méi importéiert ginn. Déi gréng Europadeputéiert Tilly Metz, schwätzt vun engem éischte wichtege Schrëtt: „80 Prozent vun der Biodiversitéit sinn an eise Bëscher. Se couvréieren 30 Prozent vun der Äerd-Uewerfläch. Et ass schonn e ganz wichtegen Text. Et ass en éischte wichtege Schrëtt och am Kader vun de sougenannten “Due diligence“-Iwwerleeungen.“

Insgesamt hoffen déi 27 EU-Staaten esou d‘Ofholze vum Reebësch däitlech ze reduzéieren. Ongeféier een Zéngtel vun der Ofholzung aus de leschten 30 Joer geet op de Kont vun europäesche Konsumenten. Déi Gréng bedaueren allerdéngs, datt d‘Gesetz kuerzfristeg verwässert gouf.

„Et ass wichteg, datt ee sech net just op déi strikt Definitioun vu Bëscher konzentréiert, mee och aner Ekosystemer ewéi Fiichtgebidder kuckt. Déi sollen 2 Joer, nodeems d‘Iwwergangsphas ofgeschloss ass, dobäi kommen. Wat och nach soll dobäikommen, sinn zum Beispill Mais, Biodiesel an de Finanzsecteur. Dat schéngt eis wichteg, fir eng koherent Approche ze hunn.“

D‘Reegelung soll 20 Deeg nom Vott Ugangs der Woch a Kraaft trieden. Fir verschidden Deeler gëllt awer eng Iwwergangsphas vun 18 Méint. Ekonomesch entsteet sou Drock op eng Rei Länner uechter d’Welt, mee och op den europäesche Marché, erkläert den RTL-Ekonomist Jeffrey Drui: „Et hu scho Staate sech zu Wuert gemellt, ewéi zum Beispill Kanada. Si wiere sech net sécher, ob si hiert Holz, dat si produzéieren, esou nach weider kéinten un d‘EU verkafen. Aner Industrien, ewéi zum Beispill d‘Palmenueleg-Industrie, sot, dat neit Reglement géif Millioune vu klenge Baueren ausschléissen, well déi net Mëttel hunn, fir anescht kënnen ze produzéieren.“

Méi eng kleng Offer a méi Reglementatioune riskéieren, datt et zu enger Präis-Erhéijung bei verschiddene Produite kënnt. Eng Präiserhéijung, déi de Client muss gewëllt sinn, an engem inflationären Environnement ze bezuelen.

D‘EU-Reglementatioun gesäit eng Klassifizéierung vun der Regioun d‘Origine vum Produit vir. Besteet e klengt, mëttelt oder héicht Risiko, solle jee no Zenario tëscht engem a 9 Prozent vun den importéierte Wuere kontrolléiert ginn. Duerchgefouert sollen d‘Kontrolle mat Satellittenopnamen, globale Positiounsdaten a Gen-Analysë ginn.