Déi griichesch Vizepresidentin Eva Kaili verléiert hire Poste wéinst Korruptiounsverdacht definitiv.

Eng Zwee-Drëttel Majoritéit vun den Europadeputéierte war néideg, fir d'Vizepresidentin vum EU-Parlament ofzesetzen. All d'Deputéiert ausser ee koumen der Propositioun vun de Fraktiounscheffen no an hunn d'Eva Kaili vun hire Funktiounen entbonnen.

Si sëtzt zesumme mat dräi weidere Verdächtege mëttlerweil an Untersuchungshaft. Hinne gëtt Bandeméisseg Korruptioun a Blanchiment reprochéiert. De Skandal dréit sech ëm méiglech Versich vum Katar, mat Geld a Kaddoen Decisioune vum Europaparlament ze beaflossen. De Regime zu Doha streit all d'Reprochen awer of.

Eigentlech sollt um Méindeg zu Stroossbuerg iwwert Visa-Erliichterunge fir Leit aus dem Golf-Staat verhandelt ginn. Déi meescht Fraktioune wëllen dee Sujet awer elo mol op Äis leeën.