Decisioun gefall
Ungarn kritt elo effektiv manner EU-Gelder

Eng Majoritéit vun den EU-Memberlänner huet sech derfir ausgeschwat, 6,3 Milliarden € anzefréieren, déi Budapest u sech zegutt gehat hätt.
Wéinst Anti-Korruptiounsmesuren, déi déi ungaresch Regierung weiderhin net ëmsetzt, gëtt et elo bis op Weideres manner Suen. Just vereenzelt géifen ungaresch Zougeständnesser unerkannt ginn, dofir ass déi agefrueren Zomm ëm 1,2 Milliarde manner héich wéi d’EU-Kommissioun gefuerdert hat.
Am meeschte gelies