D'Europaparlament huet e Mëttwoch de renomméierte Sacharow-Präis fir Demokratie a Mënscherechter zu Stroossbuerg verdeelt.

Dëst Joer goung de Präis un dat ukrainescht Vollek. Dee mat 50.300 Euro dotéierte Präis ass stellvertriedend un de President Wolodymyr Selenskyj a weidere gewielte Vetrieder, souwéi d'Zivilgesellschaft, gaangen.

Och den inhaftéierte Wikileaks-Grënner Julian Assange an déi kolumbianesch Wouerechtskommissioun, déi d'Mënscherechtsverletzunge vum joerzéngtelaange Konflikt am Zesummenhang mat der Guerillaorganisatioun Farc opschafft, waren nominéiert.

D'lescht Joer ass de Präis un den inhaftéierte russeschen Oppositionellen Alexej Nawalny gaangen. Seng Duechter hat fir hien de Präis entgéintgeholl, deen dem 1989 verstuerwene sowjeteschen Dissident Andrej Sacharow designéiert ass.