Zu Bréissel hu sech um Donneschdeg, fir d'lescht an dësem Joer, d'Staats- a Regierungscheffe vun de 27 Member-Länner getraff.

Virun allem déi transatlantesch Bezéiunge stoungen, nieft dem Krich an der Ukrain an der Energiekris, am Virdergrond. Wéinst engem milliardeschwéieren US-Subventiounsprogramm sinn d'Bezéiungen tëscht der EU an den USA den Ament ugespaant. De Programm wier e Problem fir d'Konkurrenz-Reegelen, mengt d'EU. Ob dat de Fall ass, soll d’Kommissioun bis Januar 2023 méi genee préiwen a Virschléi maachen, wéi eng Outilen kënnen en place gesat ginn, fir d’Investitioune nees unzekuerbelen an d’Kompetitivitéit ze relancéieren.

Nach virum Treffe sot de Premier Xavier Bettel, dass et net kéint sinn, dass well elo d'US-Amerikaner Subventioune maachen fir d'Betriber, elo och d'EU op dee Wee soll goen. Ma villméi misst onbedéngt gekuckt ginn, fir d'Betriber wettbewerbsfäeg ze halen. An dass eng Reaktioun op déi US-Subventiounspolitik muss kommen, wier kloer, well een nämlech elo schonn eng gewësse Verzerrung mierkt, wéi de Premierminister RTL sot.

Extrait Xavier Bettel (1)

Déi eenzel Punkte mussen deemno nach gekuckt ginn. Mä de Xavier Bettel huet awer nach präziséiert, dass hien dat u sech net wéilt am Detail um EU-Conseil beschwätzen, mee éischter den EU-Wirtschaftsminister iwwerloossen.

Eng Fro déi net nei ass an déi haut och nees an der Loft hänkt, ass déi vum Veto-Recht. Wisou dann?

De Grond ass, dass Decisioune vun engem eenzege Land kënne blockéiert ginn. Dat huet Ungarn gemaach, well d'Land wéinst net Anhale vun der Rechtsstaatlechkeet sollt sanktionéiert ginn.

Och Polen hat ugedeit, d'Kaart vum Veto-Recht ausspillen ze wëllen. Do stellt sech eben d'Fro, wéi laang d'EU nach esou funktionéiere kann, wann een eenzegt Land wichteg Decisioune blockéiere kann. Konkret war et am Fall vu Polen dorëms gaangen, dass d'Land kuerzfristeg virum Sommet eng Verlängerung ugefrot hatt, fir een Dossier z'analyséieren, deen och d'Hëllef fir d'Ukrain concernéiert. Also en Dossier, deen u sech séier misst iwwer d'Bün goen.

Polen huet de Veto géint e neien Hëllefspak fir d'Ukrain allerdéngs zeréckgezunn. Dat war en Donneschdeg de Mëtten um Bord vum EU-Sommet gewuer ze ginn.

De Premier Xavier Bettel hatt Ufro vu Polen am Virfeld schaarf kritiséiert, weist sech awer op verschiddene Punkten nach loyal, wat d'Veto-Recht ugeet.

Extrait Xavier Bettel (2)

Den 10. Dezember hat den EU-Rot nach eng finanziell Hëllef fir d'Ukrain an Héicht vun 18 Milliarden Euro fir d'Joer 2023 decidéiert. Et sti vill Themen um Programm, déi a just engem Dag mussen diskutéiert ginn, de Sommet gouf nämlech kuerzfristeg vun zwee Deeg op just een Dag gekierzt.

Eng vun den Haaptsuerge bleift de Gaspräisdeckel. Hei kënnt een net richteg weider. Eng gutt Majoritéit vun de Länner wëllen eng iewescht Grenz. Aner Länner wéi Däitschland an Holland fäerten, dass et da mam Gas kéint knapp ginn fir de Wanter. Den Dossier ëm d'Energiekris wëll een elo effektiv, wéi de Premier Xavier Bettel en Donneschdeg de Moie scho sot, un d'EU-Energieminister weiderginn. E Méinden sollen si doriwwer diskutéieren. Ma dat dierft awer en haarde Match ginn, well ee wuel wäit vun enger Eenegung tëscht de Länner wier.

Doriwwer eraus geheit natierlech d'Korruptiounsaffär ronderëm déi ofgesate Vize-Presidentin vum EU-Parlament Eva Kaili en däitleche Schiet op dës EU-Rotssëtzung. Dat maachen d'Diskussioune sécherlech net méi einfach. D'Vertrauen, dat Jore gebraucht huet, fir opgebaut ze ginn an a kuerzer Zäit zerstéiert gi wier, misst elo nees retabléiert ginn. "An dës Aarbecht fänkt elo un", esou d'Presidentin vum EU-Parlament Roberta Metsola en Donneschdeg.