Am Korruptiounsskandal ëm d'Europaparlament huet de Partner vun der ofgesater Vizepresidentin Eva Kaili e Geständnis ofgeluecht.

Der griichescher Sozialdemokratin hire Partner Francesco Giorgi soll zouginn hunn, Deel vun enger Organisatioun ze sinn, där hiert d'Zil et wier, sech aus dem Katar an aus Marokko an déi europäesch Politik anzemëschen. Dat schreiwen déi belsch Zeitung"Le Soir" an déi italienesch "LaRepubblica" a bezéie sech op Dokumenter aus der Enquête.

Deemno soll den Giorgi de fréieren italieneschen Europadeputéierten Pier Antonio Panzeri, an deem sengem Büro hien als Assistent geschafft hat, beschëllegen, de Kapp vun der Organisatioun ze sinn. Hie selwer soll fir d'Organisatioun Boergeld geréiert hunn. Weiderhi sollen 2 Deputéierter Sue vum Panzeri kritt hunn. Vum italieneschen Deputéierte sengem Affekot soll et géigeniwwer de franséische Medie geheescht hunn, dass hien Näischt doriwwer wéisst.

E Mëttwoch hat ee vun der Eva Kaili hiren Affekote géigeniwwer der griichescher Tëlee Änleches ausgesot. Deemno géifen d'Suen, déi an der Deputéierter hirem Appartement fonnt goufen, enger drëtter Persoun gehéieren. D'Kaili selwer wier dogéint gewiescht, d'Suen an der Wunneng ze hunn. Hire Papp hätt d'Suen dowéinst geholl an an en Hotel bruecht, wou den eigentleche Empfänger se ofhuele sollt. Déi 44 Joer al Griichin weist all d'Reprochen, déi géint si am Raum stinn, vu sech.

D'Vertrauen, dat Jore gebraucht huet, fir opgebaut ze ginn an a kuerzer Zäit zerstéiert gi wier, misst elo nees retabléiert ginn. "An dës Aarbecht fänkt elo un", dat sot d'Presidentin vum EU-Parlament Roberta Metsola en Donneschdeg zu där Affär, déi däitlech de leschte Sommet vun dësem Joer impaktéiert huet.

Och griichesche Parquet ermëttelt

Iwwerdeems soll elo och de griichesche Parquet d'Ermëttlungen am Fall Eva Kaili opgeholl hunn, dat wéinst Blanchiment a Bestiechung. De Finanzparquet soll een entspriechenden dréngenden Antrag gestallt hunn, wéi déi griichesch Chaîne ERT en Donneschdeg mellt.

D'Viraussetzung wier awer, datt d'Ermëttlunge sech net mat der Aarbecht vu de belschen Enquêteure kräizen. Déi belsch Autoritéite wiere schonn ëm eng Zesummenaarbecht gebiede gi sinn an och gefrot gi sinn, dem griichesche Parquet déi relevant Dokumenter zoukommen ze loossen.

Korruptiounsaffär / Reportage vu Bréissel vum Gil Mancini

D'Eva Kaili gëtt och an enger Bedruchsaffär verdächtegt

En Donneschdeg den Owend goufe weider Reproche géint d'Eva Kaili erhuewen. Wéi d'Noriichtenagence AFP mellt hätt den europäesche Parquet zu Lëtzebuerg d'EU-Parlament gebieden der Kaili an der konservativer Deputéierter Maria Spyraki hir parlamentaresch Immunitéit opzehiewen. Allebéid géifen an enger Affär, déi sech ëm Bedruch mat Suen aus dem EU-Budget dréie soll, verdächtegt. Dobäi soll et ëm d'Bezuelung vun EU-Deputéierten an hire Mataarbechter goen.