D'Europäesch Zentralbank huet de Leetzëns vum Euro en Donneschdeg eng weider Kéier gehéicht. Dat ëm en hallwe Prozentpunkt.

Den Haaptleetzëns klëmmt ëm 0,5 Punkten op elo 2,5 Prozent. Et ass déi véiert Hausse hannerteneen an et wäert net dobäi bleiwen.

D'Inflatioun an der Eurozon bleift mat 10 Prozent nämlech ze héich. En Donneschdeg goufen d'Previsiounen nach emol däitlech no uewe korrigéiert. De leschten Estimatiounen no géif sech d'Präisdeierecht réischt 2025 a Richtung 2 Prozent Präisstabilitéit beweegen. Dat ass ee Joer méi spéit, wéi nach virun dräi Méint geduecht.

En Enn vun den aktuelle Präishaussen ass deemno am Euroraum net en Vue. Dat huet och d'Cheffin vun der EZB Christine Lagarde en Donneschdeg op enger Pressekonferenz onmëssverständlech kloer gemaach. "Mir musse méi eng laang Streck goen", Esou d'EZB-Cheffin.

Leit, déi Prêten zu variabelen Zënssätz hunn, musse sech also op weider Haussen astellen.

Mat 2,5 Prozent ass den Zënssaz, zu deem Banke frëscht Geld bei der EZB léine kënnen, elo sou héich wéi zanter Dezember 2008 net méi. Op Suen, déi d'Kreditinstituter zu Frankfurt parken, ginn 2 Prozent erhuewen.

Et géif ee vu Meeting zu Meeting kucken an da weider Schrëtt huelen. Observateuren no wiere weider Zënsschrëtt ëm jee 0,5 Prozentpunkten z'erwaarden. D'Aussiichte fir d'Konjunktur sinn den Ament méi positiv, wéi ze lescht geduecht. D'Rezessioun géif relativ kuerz an douce ginn. Fir d'nächst Joer rechent d'Europäesch Zentralbank mat enger Croissance vun 0,5 Prozent an der Eurozon, fir 2024 mat 3,4 Prozent.

Nieft den Zënshaussen trëppelt d'Europäesch Zentralbank vu Mäerz d'nächst Joer un och bei de milliardeschwéieren Obligatiounskeef op d'Brems.