Déi Europäesch Unioun huet d'Balkanland offiziell an de Krees vun den EU-Bäitrëttskandidaten opgeholl.

Am Kader vum EU-Sommet zu Bréissel gouf dës Decisioun en Donneschdeg vun den EU-Staats- a Regierungscheffe geholl. Dat confirméieren eng Rei EU-Diplomaten der Noriichtenagence dpa.

Schonn en Dënschdeg haten d'Europaministere vun de Memberlänner Bosnien-Herzegowina mat sengen 3,5 Milliounen Awunner zum Bäitrëttskandidat erkläert. Dës Decisioun huet en Donneschdeg awer nach vun de Staatscheffe confirméiert ginn.

D'EU-Kommissioun de Status vum Bäitrëttskandidat am Oktober an Aussiicht gestallt. Dëst awer ënnert der Konditioun, datt Reformen an der Justiz an an der Verwaltung géifen ëmgesat ginn.

Kritiséiert gëtt dacks, datt Bosnien-Herzegowina net stabil genuch fir ee Bäitrëtt ass. D'Land ass gespléckt - an der Republika Srpska wunne virun allem bosnesch Serben, wärend an der Federatioun Bosnien an Herzegowina virun allem muslimesch Bosniaken a Kroate liewen. D'Regierung gëtt dacks duerch Konflikter geläämt.

Siwen aner Länner hunn den Ament de Status vum EU Bäitrëttskandidat: Albanien, d'Republik Moldau, Montenegro, Nordmazedonien, Serbien, d'Tierkei an d'Ukrain. Bis e Land vum Bäitrëttskandidat zum EU-Memberland gëtt verginn awer dacks Joren, wann net souguer Joerzéngten. Tierkei ass zum Beispill schonn zanter 1999 Bäitrëttskandidat.